Wanterowend

Auteur: Nik GUELF.

D’Gedicht gouf am November 2015 um Radio 100,7 vum Mars Klein virgedroen a kommentéiert.


Am Stall war alles an der Rei:
gefiddert a gestrach,
all Diren zou, e Wësch derbei,
de Stopp am Héngerlach.
Mir souzen an der waarmer Stuff,
zefridden alleguer,
De Papp huet äis eng Drëppche bruecht,
en echten ale Kuer.

Wéi frëndlech huet de Mound geschéngt,
eran op d’Fënsterbriet,
a mir hu bei de Still geknéit,
de Rousekranz gebiet.
Da gouf de Känki ugefaang,
an d’Lueden zougemat,
a mir hun alt eng Weilchen nach
gepauert a geschwat.

A Schlag ëm sechs ass d’Iesse komm:
e Plättel opgeheeft
mat Grëmpercher, déi brong gefochst
a gutt mat Speck gegreeft,
an hausgebake Brout derbei,
e Komp voll sauer Brach.
O wann ech dorun denken haut,
ginn ech gelëschtreg nach.

An hate mir e Giss geschluecht,
da gouf Gehäck gemaacht,
Mousträipercher eng Maandel voll,
se hun een ugelaacht;
a koum eng Pan voll op den Dësch,
gouf bridderlech gedeelt.
Mir wore staark a käergesond
an ‘t huet äis näischt gefeelt.

Am Uewen huet eng eeche Knarr
gekrickelt a gebrannt;
eis Mamm huet Wierk a Fluess gesponn
mat hirer flénker Hand;
mir Jongen hu Pikéit gespillt,
eis Hänsercher gefëmmt,
an d’Ketty huet säi Rack gebutt,
e Liddchen ugestëmmt.

An ‘t stong e Kierfchen do mat Nëss
an Äppel fir déi Jong;
eng mielzeg Bir fir schaardeg Zänn,
wann d’Millen net méi gong.
A wann et vun der Wand erof
zéng Auer huet geklénkt,
da gong et vif an d’Kuewebett,
bis d’Muergesklack gepéngt.

Déi glécklech Zäite si verbäi
a kommen ni erëm;
o wann et nach wéi deemools wär,
ech géif iech alles drëm.
Am Sauerdall do stong en Haus
mat engem Daach vu Stréi,
‘t ass alles ausgestuerwen do –
ech hu keng Heemecht méi.